rtl.lu

Am Alter vun 101 Joer: De fréieren Turner Jos Romersa ass dout

  • ️RTL
  • ️Thu Nov 10 2016

Am Alter vun 101 Joer

RTL|Update: 10.11.2016 07:37

De fréieren Turner ass an der Nuecht vun e Samschdeg op e Sonndeg am Alter vun 101 Joer zu Diddeleng am Altersheem gestuerwen.

Bei den Olympesche Spiller 1936 zu Berlin gouf de gebiertegen Diddelenger den 81. ënner 112 Konkurrenten.

Vun 1934 bis 1947 war de Jos Romersa an der Nationalequipe vum Konschtturnen.

Vun 1923 bis 1931 war hie bei der Société de Gymnastique "Jeune Garde Catholique" Diddeleng a vun 1931 bis 1980 beim Turnveräin Union Diddeleng lizenséiert.

1938 gouf de Jos Romersa bei de Konschtturn-Weltmeeschterschaften zu Prag de 40. vu 60 Konkurrenten.

Hien huet op der ARBED zu Diddeleng als Elektrikermeeschter säi Brout verdéngt. Säi Jong ass de fréieren Héichsprénger Marc Romersa.

2008 gouf den Diddelenger mam Chevalier de l'Ordre de Mérite du Grand-Duché de Luxembourg ausgezeechent.