1972 – Wikipedia
Dës Säit befaasst sech mam Joer 1972.
D'Joer 1972 huet op engem Samschdeg ugefaangen. Et war e Schaltjoer.
- 30. Januar: Op d'mannst 14 onbewaffnet pro-iresch Demonstrante ginn an Nordirland erschoss (Bloody Sunday).
- 9. Januar: Onrouen am Prisong am Gronn an der Stad Lëtzebuerg.
- Mee: Tele Lëtzebuerg straalt seng Emissiounen ewell faarweg aus.
- 14. September: D'Madeleine Frieden-Kinnen, CSV, trëtt no der Buergfrid-Affär als Ministesch zeréck.
- 6. Juli: De Pierre Messmer gëtt Premierminister vu Frankräich an der Regierung Pierre Messmer (1)
- 5. Oktober: Déi franséisch Partei Front national gëtt gegrënnt.
- 5. September: Wärend den Olympesche Spiller zu München gi vun aacht Membere vun der palestinensescher Terrorgrupp Schwaarze September an engem Haus 11 israeelesch Geisele geholl, Sportler an hir Betreier. Um Enn vum Dag si 5 Terroristen dout an 3 festgeholl. D'Geisele sinn alleguer dout an och e Polizist ass ëm d'Liewe komm.
- 17. Juni: Abroch an d'Walzentral vun den Demokraten am Watergate-Komplex; Ausléiser vum Watergate-Skandal.
- 25. Mäerz: D'Vicky Leandros gewënnt fir Lëtzebuerg mam Lidd Après toi de 17. Eurovision Song Contest zu Edinburgh.
- Machine Head vun Deep Purple
- 3. Februar: Zu Sapporo fänken d'Olympesch Wanterspiller un.
- 11. Februar: Déi lëtzebuergesch Foussballnationalekipp spillt zu Oochen 2:2 géint Däitschland. D'Goler fir d'Lëtzebuerger hunn de Gilbert Dussier a Jean-Paul Martin geschoss.[1]
- 26. Abrëll: Déi lëtzebuergesch Foussballnationalekipp verléiert zu Plzeň 0:6 géint Tschechoslowakei.[2]
- 26. August: Zu Münche fänken d'Olympesch Summerspiller un.
- 7. Oktober: Déi lëtzebuergesch Foussballnationalekipp verléiert an der Stad Lëtzebuerg, am Kader vun der Qualifikatioun fir d'Foussball-Weltmeeschterschaft 1974, 0:4 géint Italien.[3]
- 22. Oktober: Déi lëtzebuergesch Foussballnationalekipp gewënnt zu Esch-Uelzecht, am Kader vun der Qualifikatioun fir d'Foussball-Weltmeeschterschaft 1974, 2:0 géint Tierkei. D'Goler fir d'Lëtzebuerger hunn de Gilbert Dussier an Nico Braun geschoss.[4]
- 10. Dezember: Déi lëtzebuergesch Foussballnationalekipp verléiert zu Istanbul, am Kader vun der Qualifikatioun fir d'Foussball-Weltmeeschterschaft 1974, 0:3 géint Tierkei.[5]
- 15. Januar: Paulo Simões, lëtzebuergesche Museker.
- 1. Februar: Manon Braas, lëtzebuergesch Basketballspillerin.
- 5. Februar: Mary vun Dänemark, Fra vum Kinnek Frederik X.
- 8. Februar: Guillaume Gallienne, franséische Schauspiller a Filmregisseur.
- 11. Februar: Carel Zuidberg, lëtzebuergesche Volleyballarbitter a Volleyballspiller.
- 13. Februar: Manou Schauls, lëtzebuergesche Foussballspiller.
- 15. Februar: Constantin vu Liechtenstein, liechtensteineschen Adelegen.
- 17. Februar: Billie Joe Armstrong, US-amerikanesche Museker.
- 17. Februar: Taylor Hawkins, US-amerikanesche Museker.
- 24. Februar: Tina Gillen, lëtzebuergesch Molerin.
- 28. Februar: Franz Fayot, lëtzebuergeschen Affekot a Politiker.
- 29. Februar: Pedro Sánchez, spuenesche Politiker.
- 3. Mäerz: Christian Oliver, däitsche Schauspiller.
- 6. Mäerz: Shaquille O'Neal, US-amerikanesche Basketballspiller.
- 7. Mäerz: Xavier Giannoli, franséische Filmregisseur.
- 18. Mäerz: Pascal Zeihen, lëtzebuergesche Mathematiker.
- 25. Mäerz: Monique Adams, lëtzebuergesch Staatsbeamtin a Member vum Staatsrot.
- 29. Mäerz: Dan Hardy, lëtzebuergesche Journalist a Politiker.
- 1. Abrëll: Florin Cîțu, rumänesche Politiker.
- 3. Abrëll: Lola Pagnani, italieenesch Schauspillerin.
- 8. Abrëll: Paul Gray, US-amerikanesche Bassist.
- 9. Abrëll: Fabrizio Bernardi, italieeneschen Astronom.
- 19. Abrëll: Django Asül, däitsche Kabarettist.
- 22. Abrëll: Sabine Appelmans, belsch Tennisspillerin.
- 1. Mee: Monique Tarantini-Osweiler, lëtzebuergesch Volleyballspillerin.
- 10. Mee: Katja Seizinger, däitsch Alpinschileeferin.
- 11. Mee: Joëlle Diderich, lëtzebuergesch Journalistin a Fotografin.
- 13. Mee: Ralph Ferron, lëtzebuergesche Foussballspiller.
- 16. Mee: Steve Kayser, lëtzebuergeschen Historiker.
- 16. Mee: Andrzej Duda, polnesche Politiker.
- 17. Mee: Christophe Hernandez, lëtzebuergeschen Äishockeyspiller.
- 23. Mee: Rubens Barrichello, F1-Pilot.
- 24. Mee: Maia Sandu, moldawesch Ekonomistin a Politikerin.
- 27. Mee: Sandra Flies, lëtzebuergesch Basketballspillerin.
- 28. Mee: Chiara Mastroianni, franséisch Schauspillerin.
- 8. Juni: "Tron", däitschen Hacker.
- 9. Juni: Alain Nacache, franséische Rabbiner.
- 19. Juni: Jean Dujardin, franséische Schauspiller a Komiker.
- 23. Juni: Sacha Schneider, lëtzebuergesche Foussballspiller.
- 23. Juni: Carine Gindt, lëtzebuergesch Foussballspillerin.
- 6. Juli: Stéphane Halleux, belschen Illustrator a Sculpteur.
- 7. Juli: Pierre Boever, lëtzebuergesche Basketballspiller.
- 20. Juli: Daniel Reding, lëtzebuergesche Professer a Gewerkschaftler.
- 8. August: Axel Merckx, belsche Vëlossportler.
- 15. August: Ben Affleck, amerikanesche Schauspiller.
- 17. August: Eminem, US-amerikanesche Rapper.
- 30. August: Cameron Diaz, amerikanesch Schauspillerin.
- 20. September: Victor Ponta, rumänesche Politiker.
- 22. September: Manuel Cardoni, lëtzebuergesche Foussballspiller a Foussballtrainer.
- 23. September: Sandra Schmit, lëtzebuergesch Schrëftstellerin.
- 27. September: Gwyneth Paltrow, amerikanesch Sängerin a Schauspillerin.
- 30. September: Anibal Coimbra, lëtzebuergesche Gewiichtshiewer.
- 17. Oktober: Nicolas Funck, lëtzebuergesche Foussballspiller.
- 18. Oktober: Karl Nehammer, éisträichesche Politiker.
- 4. November: Luís Figo, portugisesche Foussballspiller.
- 14. November: Josh Duhamel,US-amerikanesche Schauspiller.
- 9. Dezember: Léon Gloden, lëtzebuergesche Politiker a Jurist.
- 29. Dezember: Jude Law, brittesche Schauspiller.
- Januar: Henri Tosseng, lëtzebuergesche Vëlossportler.
- 1. Januar: Ernest Wiltzius, lëtzebuergesche Wënzer an Deputéierten.
- 6. Januar: Félix Chomé, Industriellen.
- 7. Januar: Jacques Mangers, lëtzebuergesche Geeschtlechen, Bëschof vun Oslo.
- 11. Januar: Bib Wagner, lëtzebuergesche Bobfuerer.
- 14. Januar: Frederik IX., Kinnek vun Dänemark.
- 16. Januar: Irène Tunc, franséisch Schauspillerin.
- 18. Januar: Jacques Majerus, lëtzebuergesche Vëlossportler.
- 18. Januar: George Mitchell, US-amerikanesche Schauspiller.
- 27. Januar: Mahalia Jackson, US-amerikanesch Gospelsängerin.
- 23. Februar: Mathias Sancassiani, lëtzebuergesche Boxer an Olympionik.
- 19. Mäerz: John Quincy Stewart, US-amerikaneschen Astronom an Astrophysiker.
- 27. Mäerz: M. C. Escher, hollännesche Kënschtler a Graphiker.
- 28. Mäerz: Camille Linden lëtzebuergesche Journalist, Affekot, Resistenzler, DP-Politiker an Deputéierten.
- 6. Abrëll: Heinrich Lübke, däitsche Politiker.
- 12. Abrëll: C. W. Ceram, däitsche Journalist a Wëssenschaftsauteur.
- 21. Abrëll: Nic Felgen, lëtzebuergesche Ringer an Olympionik.
- 23. Abrëll: Gustave Faber, lëtzebuergesche Cheemiker.
- 23. Abrëll: Pierre Hastert, lëtzebuergesche Schwëmmer an Olympionik.
- 25. Abrëll: George Sanders, brittesche Schauspiller.
- 30. Abrëll: Gia Scala, englesch Schauspillerin.
- 2. Mee: Henri Diamant-Berger, franséische Filmregisseur a -produzent.
- 2. Mee: J. Edgar Hoover, Grënner an Direkter vum Federal Bureau of Investigation (FBI).
- 5. Mee: Frank Tashlin, US-amerikaneschen Dréibuchauter a Filmregisseur.
- 20. Mee: Léon Buck, lëtzebuergesche Schwëmmer, Fechter, Olympionik an Drécker.
- 22. Mee: Margaret Rutherford, englesch Schauspillerin.
- 25. Mee: Asta Nielsen, dänesch Schauspillerin.
- 28. Mee: Edward VIII., Kinnek vum Vereenegte Kinnekräich (Jan.-Dez. 1936.)
- 13. Juni: Émile Franck, lëtzebuergeschen Dokter, Direkter vum Thermalbad Munneref.
- 23. Juni: Werner Klingler, däitsche Schauspiller, Filmregisseur an Dréibuchauteur.
- 25. Juli: Claude Cerval, franséische Schauspiller.
- 27. Juli: Richard Nikolaus Graf von Coudenhove-Kalergi, däitsche Schrëftsteller, Politiker, Grënner vun der Paneuropa-Unioun.
- 31. Juli: Paul-Henri Spaak, belsche Politiker.
- 5. August: Prosper Link, lëtzebuergesche Geschäftsmann.
- 12. August: Thérèse Frégnac, franséisch-lëtzebeurgesch Molerin.
- 16. August: Pierre Brasseur, franséische Schauspiller.
- 24. August: Henri Hoffmann, lëtzebuergesche Foussballspiller.
- 29. August: Lale Andersen, däitsch Sängerin a Schauspillerin.
- 29. August: Émile Ludwig, lëtzebuergesche Politiker.
- 10. September: Metty Scheitler, lëtzebuergesche Ringer an Olympionik.
- 17. September: Akim Tamiroff, russesch-US-amerikanesche Schauspiller.
- 27. September: S. R. Ranganathan, indesche Mathematiker a Bibliothekär.
- 30. September: Edgar G. Ulmer, US-amerikanesche Filmregisseur.
- 8. Oktober: Prescott Bush, US-amerikanesche Senateur vu Connecticut.
- 10. Oktober: Kenneth Essex Edgeworth, ireschen Astronom.
- 12. Oktober: Robert Le Vigan, franséische Schauspiller.
- 16. Oktober: Leo G. Carroll, brittesche Schauspiller.
- 20. Oktober: Harlow Shapley, US-amerikaneschen Astronom.
- 26. Oktober: Igor Sikorsky, amerikanesche Constructeur an Architekt.
- 24. November: Mani Matter, Schwäizer Museker.
- 6. Dezember: Janet Munro, brittesch Schauspillerin.
- 8. Dezember: William Dieterle, däitsche Filmregisseur a Schauspiller.
- 13. Dezember: René Mayer, franséische Politiker.
- 18. Dezember: Gale Bruno van Albada, hollänneschen Astronom.
- 19. Dezember: Jacques Deval, franséischen Auteur, Filmregisseur, Dréibuchauteur a Schauspiller.
- 23. Dezember: Andrei Nikolajewitsch Tupolew, russesche Fligerconstructeur.
- 26. Dezember: Harry S. Truman, US-amerikanesche Politiker, den 33. President vun den USA.
- ↑ D'Detailer vum Foussballlännermatch Däitschland-Lëtzebuerg den 11. Februar 1972 op der Websäit vun European Football
- ↑ D'Detailer vum Foussballlännermatch Tschechoslowakei-Lëtzebuerg de 26. Abrëll 1972 op der Websäit vun European Football
- ↑ D'Detailer vum Foussballlännermatch Lëtzebuerg-Italien de 7. Oktober 1972 op der Websäit vun European Football
- ↑ D'Detailer vum Foussballlännermatch Lëtzebuerg-Tierkei den 22. Oktober 1972 op der Websäit vun European Football
- ↑ D'Detailer vum Foussballlännermatch Tierkei-Lëtzebuerg den 10. Dezember 1972 op der Websäit vun European Football