1989 – Wikipedia
Dës Säit befaasst sech mam Joer 1989.
D'Joer 1989 huet op engem Sonndeg ugefaangen.
- 6. Februar: Ronnen Dësch a Polen; Solidarność soll nees zougelooss ginn, d'Zensur ofgeschaf, an eng zweet Kummer, de Senat, dee fräi gewielt soll ginn, soll geschaf ginn.
- 2. Mee: Ungarn fänkt domat un, d'Grenzspären no Éisträich ofzebauen.
- 8. Mee: Éischt Nummer vun der Gazeta Wyborcza, der éischter legaler Oppositiounszeitung am Ostblock.
- 9. Mee: De Slobodan Milošević gëtt Staatspresident vu Serbien.
- 4. Juni: Demokratesch Parlamentswalen a Polen: 'Solidaritéit kritt 99 vun 100 Sëtz am Senat.
- 7. Juli: De Sommet vum Warschauer Pakt zu Bukarest decidéiert d'"Recht vun all Vollek op Selbstbestëmmung".
- 19. Juli: De Wojciech Jaruzelski gëtt mat just enger Stëmm Majoritéit zum Staatspresident a Pole gewielt, den Tadeusz Mazowiecki (Solidarność) gëtt de 24. August den éischten net-kommunistische Ministerpresident.
- 19. August: Beim "Paneuropäesche Picknick" zu Sopron an Ungarn maache sech Honnerte vun DDR-Bierger iwwer d'Grenz an Éisträich.
- 23. August: Iwwer 1 Millioun Leit maachen eng Mënschekette vu 560 km op der Via Baltica tëscht Vilnius a Lettland an Tallinn an Estland.
- 7. Oktober: D'Ungaresch Sozilistesch Aarbechterpartei nennt sech an Ungaresch Sozialitesch Partei ëm an entmuecht sech gréisstendeels.
- 9. Oktober: Zu Leipzig gi bei der "Montagsdemonstration" trotz Verbuet 70.000 Leit op d'Strooss fir fir Reformen a Fräiheet ze demonstréieren; déi Woch drop sinn et der 120.000, nach eng méi spéit 300.000.
- 18. Oktober: Den Erich Honecker trëtt als President vum Staatsrot vun der DDR zeréck, den Egon Krenz gëtt säin Nofollger.
- 23. Oktober: An Ungarn trëtt déi nei Constitutioun a Kraaft: Ungarn ass eng Republik a keng "Volleksrepublik" méi.
![](https://upload.wikimedia.org/wikipedia/commons/thumb/d/d7/Bundesarchiv_Bild_183-1989-1110-018%2C_Berlin%2C_Checkpoint_Charlie%2C_Nacht_des_Mauerfalls.jpg/180px-Bundesarchiv_Bild_183-1989-1110-018%2C_Berlin%2C_Checkpoint_Charlie%2C_Nacht_des_Mauerfalls.jpg)
- 4. November: Eng hallef Millioun Leit manifestéieren zu Ost-Berlin fir Reformen, Demokratie a Fräiheet.
- 9. November: D'DDR mécht d'Grenzen zu Westdäitschland op. Honnertdausende vu Leit kënne fir d'éischt Kéier no 28 Joer an de Westen.
- 10. November: De bulgaresche Staats- a Parteichef Todor Schivkov gëtt gestierzt.
- 13. November: De Prënz Hans-Adam II. vu Liechtenstein gëtt Staatschef vu Liechtenstein.
- 17. November: Zu Prag gëtt e Commémoratiounscortège vun der Police auserneegebeetscht; Ufank vun der Samettener Revolutioun.
- 18. November: Den Hans Modrow gëtt neie Ministerpresident vun der DDR.
- 25. Dezember: De gestierzte rumäneschen Diktator Nicolae Ceauşescu a seng Fra Elena ginn higeriicht.
- 29. Dezember: A Polen gëtt d'Constitutioun geännert.
- 29. Dezember: Als Suite vun der Samettener Revolutioun gëtt de Václav Havel President vun der Tschechoslowakei.
- 18. Juni: Chamber- an Europawalen. Bei de Chamberwale kritt d'CSV 22 Sëtz, d'LSAP der 18, d'DP der 11, d'GLEI an d'GAP der jee 2, den Aktiounskomitee 5/6 der 4 an d'KPL 1. Bei den Europawale ginn 3 Sëtz un d'CSV, 2 un d'LSAP an 1 un d'DP.
- 14. Juli: D'Regierung Santer-Poos II, eng CSV-LSAP-Koalitioun, gëtt vereedegt.
- ? Prozess ëm d'Waldbëlleger Affär.
- 13. September: De Frederik de Klerk gëtt President vu Südafrika a leet Schrëtter an, fir d'Apartheid ofzeschafen.
- 1. Januar: E Fräihandelsofkommes tëscht den USA a Kanada trëtt a Kraaft.
- 24. Mäerz: De Pëtrolstanker Exxon Valdez leeft am Prince William Sound virun der Küst vun Alaska aus; zegdausend Tonne Pëtrol verknaschten eng 2000 Kilometer Côte.
- 3. Februar: Am Paraguay gëtt den Diktator Alfredo Stroessner ofgesat.
- 20. Dezember: Panama: Ufank vun enger militärescher Invasioun duerch d'USA, fir den Diktator Manuel Noriega gefaangen ze huelen.
- 14. Abrëll: D'sowjetesch Truppen zéie sech aus dem Afghanistan zeréck.
- 4. Juni: China: Massaker op der "Plaz vum Himmlesche Fridden" zu Peking.
- 4. Juni: Iran: Doud vum Ayatollah Khomeini. Den Ayatollah Chamene'i gëtt säin Nofollger.
- 29. Mäerz: D'Pyramid vum Louvre gëtt zu Paräis ageweit.
- 13. Juli: D'Opéra de la Bastille gëtt zu Paräis ageweit.
- 6. Mee: D'Grupp Riva gewënnt fir Jugoslawien mam Lidd Rock Me de 34. Eurovision Song Contest zu Lausanne.
- Driving Miss Daisy kritt den Oscar fir de beschte Film.
- Sex, lies and videotapes kritt d'Gëlle Palm zu Cannes.
- Camille Claudel kritt de César fir de beschte Film.
- A Wopbopaloobop A Lopbamboom vum Andy Bausch.
- Mumm Sweet Mumm vum Paul Scheuer, Georges Fautsch a Maisy Hausemer.
- De falschen Hond vum Menn Bodson, Gast Rollinger a Marc Olinger.
- 1.-3. Juli: De Prolog, déi 1. an déi 2. Etapp, souwéi den Depart vun der 3. Etapp vum Tour de France sinn zu Lëtzebuerg. De Greg LeMond gewënnt am Generalklassement 8 Sekonne virum Laurent Fignon.
- 9. Mee: Déi lëtzebuergesch Foussballnationalekipp verléiert zu Prag, am Kader vun der Qualifikatioun fir d'Foussball-Weltmeeschterschaft 1990, 0:4 géint Tschechoslowakei.[1]
- 1. Juni: Déi lëtzebuergesch Foussballnationalekipp verléiert zu Lille, am Kader vun der Qualifikatioun fir d'Foussball-Weltmeeschterschaft 1990, 0:5 géint Belsch.[2]
- 11. Oktober: Déi lëtzebuergesch Foussballnationalekipp verléiert zu Saarbrécken, am Kader vun der Qualifikatioun fir d'Foussball-Weltmeeschterschaft 1990, 0:3 géint Portugal.[3]
- 25. Oktober: Déi lëtzebuergesch Foussballnationalekipp spillt zu Bréissel, am Kader vun der Qualifikatioun fir d'Foussball-Weltmeeschterschaft 1990, 1:1 géint Belsch. De Gol fir d'Lëtzebuerger huet de Guy Hellers geschoss.[4]
- 15. November: Déi lëtzebuergesch Foussballnationalekipp verléiert zu St. Gallen, am Kader vun der Qualifikatioun fir d'Foussball-Weltmeeschterschaft 1990, 1:2 géint Schwäiz. De Gol fir d'Lëtzebuerger huet den Théo Malget geschoss.[5]
- 1. Januar: Tornike Sanikidse, georgesche Schachgroussmeeschter.
- 10. Januar: Fiona Steil-Antoni, lëtzebuergesch Schachspillerin.
- 13. Januar: Claire Delcourt, lëtzebuergesch Politikerin.
- 19. Januar:Sven Clement, lëtzebuergesche Politiker.
- 19. Januar: Nick Clesen, lëtzebuergesche Vëlossportler.
- 16. Mäerz: Gabriel Attal, franséische Politiker.
- 31. Mäerz: Gilles Bettmer, lëtzebuergesch Foussballspiller.
- 31. Mäerz: Samanta Tīna, lettesch Sängerin.
- 21. Abrëll: Anouk Wagener, lëtzebuergesch Basketballspillerin.
- 1. Mee: Charlotte Bettendorf, lëtzebuergesch Reiderin.
- 19. Juni: Samirah Frisch, lëtzebuergesch Volleyballspillerin.
- 20. Juni: Pitt Koster, lëtzebuergesche Basketballspiller.
- 21. Juni: Kevin Krecke, lëtzebuergeschen Äishockeyspiller.
- 29. Juni: Thierry Hensen, lëtzebuergeschen Handballspiller.
- 2. Juli: Michel Kettenmeyer, lëtzebuergesche Foussballspiller.
- 5. Juli: Janine Hansen, lëtzebuergesch Foussballspillerin.
- 16. Juli: Gilles Mangen, lëtzebuergeschen Äishockeyspiller.
- 23. Juli: Daniel Radcliffe, englesche Schauspiller.
- 24. Juli: Frantizek Vosahlo, lëtzebuergesche Volleyballspiller.
- 2. August: Nacer Chadli, belsch-marokkanesche Foussballspiller.
- 28. August: Claude Mossong, lëtzebuergeschen Äishockeyspiller.
- 30. August: Danira Mustafić, lëtzebuergesch Volleyballspillerin.
- 2. September: Andy May, lëtzebuergesche Foussballspiller.
- 28. September: Raul Birenbaum, lëtzebuergesche Basketballspiller.
- 7. Oktober: Erik Akkersdijk, hollännesche Champion am Rubik's Cube.
- 14. Oktober: Mia Wasikowska, australesch Schauspillerin.
- 17. Oktober: Laurent Carnol, lëtzebuergesche Schwëmmer.
- 13. November: Ben Polidori, lëtzebuergeschen Ingenieur a Politiker
- 18. November: Eric Schroeder, lëtzebuergeschen Handballspiller.
- 19. November: Amel Cosic, lëtzebuergesche Foussballspiller.
- 21. November: Maxime Chanot, franséisch-lëtzebuergesche Foussballspiller.
- 8. Dezember: Noémie Raths, lëtzebuergesch Foussballspillerin.
- 13. Dezember: Taylor Swift, US-amerikanesch Sängerin.
- 27. Dezember: Kateryna Lahno, ukrainesch Schachspillerin.
- 28. Dezember: Salvador Sobral, portugisesche Sänger.
- Theo Makowsky, däitschen Jazzbatteur.
- 7. Januar: Keeser Hirohito vu Japan.
- 13. Januar: Joe Spinell, US-amerikanesche Schauspiller.
- 20. Januar: Wenzel Profant, lëtzebuergesche Moler a Sculpteur.
- 23. Januar: Salvador Dalí, spuenesche Moler a Schrëftsteller (Surrealismus).
- 3. Februar: John Cassavetes, US-amerikanesche Schauspiller a Filmregisseur.
- 6. Februar: André Cayatte, Filmregisseur.
- 6. Februar: Jean-Pierre Koltz, lëtzebuergeschen Historiker.
- 12. Februar: Thomas Bernhard, éisträichesche Schrëftsteller.
- 14. Februar: James Bond, US-amerikaneschen Ornitholog.
- 25. Februar: Margo Lion, franséisch Schauspillerin.
- 20. Februar: Betty Mars, franséisch Sängerin.
- 27. Februar: Konrad Lorenz, éisträichesche Verhalensfuerscher an Nobelpräisdréier.
- 27. Februar: Christiane Schlechter-Wirtz, lëtzebuergesch Kabarettistin.
- 27. Februar: Paul Oswald Ahnert, däitschen Astronom
- 5. Mäerz: Arsène Soreil, belsche Schrëftsteller a Journalist.
- 6. Mäerz: Harry Andrews, englesche Schauspiller.
- 21. Mäerz: Fernand Schons, lëtzebuergesche Wënzer a Moler.
- 29. Mäerz: Bernard Blier, franséische Schauspiller.
- 10. Abrëll: Joan Barry, englesch Schauspillerin.
- 12. Abrëll: Tilda Thamar, argentinesch Schauspillerin.
- 15. Abrëll: Charles Vanel, franséische Schauspiller.
- 19. Abrëll: Daphne du Maurier, brittesch Schrëftstellerin.
- 23. Abrëll: Marcel Schumann, lëtzebuergesche Foussballspiller an Olympionik.
- 26. Abrëll: Lucille Ball, US-amerikanesch Schauspillerin.
- 26. Abrëll: Judith Dornys, kanadesch Schauspillerin.
- 28. Abrëll: Géza von Cziffra, ungaresche Filmregisseur an (Dréibuch)auteur.
- 30. Abrëll: Sergio Leone, italieenesche Filmregisseur.
- 17. Mee: Walter Gross, däitsche Schauspiller, Kabarettist a Synchronspriecher.
- 20. Mee: Anton Diffring, däitsche Schauspiller.
- 22. Mee: Gerd Oswald, däitsch-US-amerikanesche Filmregisseur, Filmproduzent an Dréibuchauteur.
- 3. Juni: Ayatollah Ruhollah Khomeini, iranesche Reliounschef.
- 5. Juni: André Michel, franséische Filmregisseur.
- 9. Juni: Antoine Bommertz, lëtzebuergesche Foussballspiller.
- 16. Juni: Antonio Román, spuenesche Filmregisseur an Dréibuchauteur.
- 26. Juni: François Mergen, lëtzebuergesche Bësch-Expert.
- 27. Juni: Michele Lupo, italieenesche Filmregisseur.
- 2. Juli: Franklin J. Schaffner, US-amerikanesche Filmregisseur.
- 6. Juli: János Kádár, ungaresche Politiker.
- 6. Juli: Jean Bouise, franséische Schauspiller.
- 7. Juli: Félix Unden, lëtzebuergesche Waasserballspiller an Olympionik.
- 10. Juli: Andrex, franséische Schauspiller a Sänger.
- 11. Juli: Laurence Olivier, brittesche Schauspiller a Regisseur.
- 13. Juli: Thers Bodé, lëtzebuergesch Journalistin, Psychologin, Politikerin a Fraerechtlerin.
- 16. Juli: Herbert von Karajan, éisträichesche Dirigent.
- 18. Juli: René Kohn, lëtzebuergesche Schwëmmer an Olympionik.
- 19. Juli: Carl-Heinz Schroth, àisträichesch-däitsche Schauspiller a Regisseur.
- 30. Juli: Evy Friedrich, lëtzebuergesche Cinéast a Filmkritiker.
- 16. August: Jemp Michels, lëtzebuergeschen Architekt, Moler a Sculpteur.
- 25. August: Jacques Castelot, belsch-franséische Schauspiller.
- 4. September: Georges Simenon, belsche Schrëftsteller.
- 4. September: Colin Clark, engleschen Ekonomist.
- 5. September: Lily Unden, lëtzebuergesch Molerin, Schrëftstellerin a Resistenzlerin.
- 14. September: Pérez Prado, kubanesche Museker a Komponist.
- 17. September: Marie-Louise Tidick-Ulveling, lëtzebuergesch Autorin.
- 26. September: Albert Hames, lëtzebuergesche Sculpteur.
- 28. September: Francis Claude, franséische Schauspiller.
- 28. September: Ferdinand Marcos, President vun de Philippinnen.
- 29. September: Edmond Cigrang, lëtzebuergesche Komponist a Musekpedagog.
- 4. Oktober: Graham Chapman, englesche Komiker.
- 4. Oktober: Noël-Noël, franséische Schauspiller, Dréibuchauteur a Filmregisseur.
- 6. Oktober: Bette Davis, US-amerikanesch Schauspillerin.
- 6. Oktober: Jacques Doniol-Valcroze, Filmregisseur.
- 9. Oktober: Fernand Ciatti, lëtzebuergesche Boxer an Olympionik.
- 16. Oktober: Cornel Wilde, US-amerikanesche Schauspiller a Filmregisseur.
- 20. Oktober: Anthony Quayle, englesche Schauspiller.
- 21. Oktober: Solange Frégnac, franséisch-lëtzebeurgesch Molerin.
- 6. November: Margarete Buber-Neumann, däitsch Publizistin a Schrëftstellerin.
- 6. Dezember: Joseph Herr, lëtzebuergesche Politiker an Historiker.
- 9. Dezember: R. G. Springsteen, US-amerikanesche Filmregisseur.
- 14. Dezember: Andrei Sacharow, russesche Friddensnobelpräisdréier a Physiker.
- 16. Dezember: Lee Van Cleef, amerikanesche Schauspiller.
- 16. Dezember: Silvana Mangano, italieenesch Schauspillerin.
- 17. Dezember: Luciano Salce, italieenesche Filmregisseur.
- 18. Dezember: Norbert Staudt, lëtzebuergesche Waasserballspiller an Olympionik.
- 18. Dezember: Jean Strauss, lëtzebuergesche Kanut an Olympionik.
- 22. Dezember: Samuel Beckett, iresche Schrëftsteller an Nobelpräisdréier.
- 22. Dezember: Massimo Serato, italieenesche Schauspiller.
- 24. Dezember: Roger Pigaut, franséische Schauspiller a Regisseur.
- 25. Dezember: Nicolae Ceausescu, rumäneschen Diktator.
- ↑ D'Detailer vum Foussballlännermatch Tschechoslowakei-Lëtzebuerg den 9. Mee 1989 op der Websäit vun European Football
- ↑ D'Detailer vum Foussballlännermatch Lëtzebuerg-Belsch den 1. Juni 1989 op der Websäit vun European Football
- ↑ D'Detailer vum Foussballlännermatch Lëtzebuerg-Portugal den 11. Oktober 1989 op der Websäit vun European Football
- ↑ D'Detailer vum Foussballlännermatch Belsch-Lëtzebuerg de 25. Oktober 1989 op der Websäit vun European Football
- ↑ D'Detailer vum Foussballlännermatch Schwäiz-Lëtzebuerg de 15. November 1989 op der Websäit vun European Football