lb.wikipedia.org

Benotzer Diskussioun:Bdx – Wikipedia

Hello Bdx, Would you be able to give this article a start in the Luxembourgish language Wikipedia, with an introductory sentence or paragraph? The article in the German language Wikipedia is: Stefanija Turkewytsch. In the English and French language Wikipedia's it can be found as: Stefania Turkewich. Can you take a look at this when you can find some time? Thank you. Nicola Mitchell (Diskussioun) 17:45, 16. Aug. 2022 (UTC)[äntweren]

Hello, thank you for your message, but I am currently focusing on other articles, specifically on Films produced in Luxembourg. As I don't know this person, don't speak Ukrainian or Russian and am not especially familiar with classical composers, I think it is better if I don't just translate an article from another Wikipedia. Why do you want this article to be translated? --Bdx (Diskussioun) 08:08, 17. Aug. 2022 (UTC)[äntweren]
I don't need the entire article translated. Just an introductory sentence to create it will do, and then once it exists it can be contributed to by other editors over the years who take an interest in this content. Thank you for getting back to me. Nicola Mitchell (Diskussioun) 09:44, 19. Aug. 2022 (UTC)[äntweren]

Moie kéints du mer soe wat an der Infobox Schabloun:Infobox Museksgrupp net gutt war, datt s du se geännert hues? Merci am Viraus :)! Soued031 (Diskussioun) 15:55, 18. Jan. 2023 (UTC)[äntweren]

Hallo, ech hunn d'Wikidata-Linken verbessert, an ech hu se esou ugepasst, datt een méi einfach d'Membere kann infizéieren. Bei denger Këscht waren déi op 10 Leit limitéiert, an et war och net méiglech kloer ze schreiwen, wien aktuelle/fréiere Member war. Du has och keng Dokumentatioun vun der Schabloun do, just eng wäiss Säit. Déi nei ass un der englescher Schabloun inspiréiert (mee vereinfacht). Passt dir eppes net drun? --Bdx (Diskussioun) 16:33, 18. Jan. 2023 (UTC)[äntweren]
Ech wollt just wëssen :) Soued031 (Diskussioun) 17:09, 18. Jan. 2023 (UTC)[äntweren]
OK, falls du mierks datt iergendeppes net sollt klappen, so mir Bescheet! Ech hunn se e puer Mol ausprobéiert, mee et kann ëmmer sinn dat eppes net funktionéiert... --Bdx (Diskussioun) 17:14, 18. Jan. 2023 (UTC)[äntweren]

Hallo,

Merci fir däi Feedback op Diskussioun:Verhiddungsmëttel, mee ech hunn deng Ännerung zréckgesat, well et eng Diskussiounssäit ass an net en Artikel an deem een den Text "dierf" upassen. Dofir w.e.g. keng Bäiträg änneren, déi signéiert sinn. Merci fir d'Verstoen!

--Bdx (Diskussioun) 14:11, 12. Okt. 2023 (UTC)[äntweren]

Moien och
firwat ginn da falsch Bahaaptungen do geschriwwen --Puscas (Diskussioun) 14:20, 12. Okt. 2023 (UTC)[äntweren]
Et ass keng falsch Behaaptung, mee ech soen net datt deng Meenung net zielt. Änner just keng Diskussiounsbäiträg, déi vun anere Leit signéiert sinn. Du kanns däi Kommentar natierlech ënnendrënner schreiwen. Dat ass jo normal, fannen ech, soss kéint jo och iergendee Kommentaren, déi an dengem Numm geschriwwe goufen, änneren, an ech huelen un datt dat och net an dengem Interessi ass, nee? --Bdx (Diskussioun) 14:25, 12. Okt. 2023 (UTC)[äntweren]
Ok, dat verstinn ech mä, et ass awer eng falsch Behaaptung well den LOD gëtt kenger vun den zwou Varianten eng Prioritéit, sou wéi en dat op anere Plaze mécht. Ech hat dat och am Resumé vun der Ännerung geschriwwen. Ma vläicht has de dat iwwersinn. Wann dat sou uewen op der Säit stoe gelooss gëtt dann ass dat net gutt fir d'Wikipedia an net korrekt par Rapport zum LOD well da gëtt eppes gesot wat deen net sou wëll. Wann een an dësem Fall dat ënnen op der Säit kommentéiert da fällt dat warscheinlech kengem méi op an en huet awer déi falsch Informatioun kritt. Ech hunn déi Säit iwweregens éischter als eng Opzielung vu Quelle gesinn wou déi veschidden Nimm opgezielt ginn, an deemno och keng Diskussioun ass, wou iergendeppes aus dem Artikel kontestéiert gëtt. --Puscas (Diskussioun) 14:47, 12. Okt. 2023 (UTC)[äntweren]
Merci fir deng Erklärung, an ech verstinn deng Argumentatioun. Mee ech sinn net iwwerzeegt, datt et eng falsch Informatioun ass, well um LOD stinn ënner Verhütungsmëttel d'Definitioun an d'Iwwersetzungen, an d'Remark "Variant:Verhiddungsmëttel". Ënner Verhiddungsmëttel steet just "Variant vun Verhütungsmëttel". Dat war jo dann e Choix vum LOD, d'Informatioune fir de Begrëff ënner "Verhütungsmëttel" ze setzen, an net ënner "Verhiddungsmëttel", oder iwwersinn ech do eppes? Du hues vläicht méi Hannergrondwëssen zum LOD wéi ech.
Ech sinn och gewëllt, meng Entrée op der Diskussiounssäit selwer unzepassen - et ass net, wéi wann ech elo eng extreem staark Meenung dozou hätt - falls du wierklech mengs datt dat soss falsch interpretéiert gëtt. --Bdx (Diskussioun) 15:20, 12. Okt. 2023 (UTC)[äntweren]
Wann den LOD eng Variant wëll als Haaptvariant hunn da mécht en an deem Artikel normalerweis kee Verweis op déi aner Variant. --Puscas (Diskussioun) 16:39, 12. Okt. 2023 (UTC)[äntweren]
Mmh, dat hunn ech awer nach net gesinn. Dat géif menger Meenung och kee Sënn maache, wëll ënnerschiddlech Varianten jo iergendwéi verlinkt musse sinn. Egal wéi dat elo ass, ech hunn Diskussioun:Verhiddungsmëttel ugepasst. --Bdx (Diskussioun) 08:16, 13. Okt. 2023 (UTC)[äntweren]
eben a Ven gehéieren z. B. do derzou. Et gëtt awer och nach anerer déi mer lo net direkt afalen. Mä souwisou ass et, menger Meenung no, net der Wikipedia hir Aarbecht fir dem Lieser ze soen wat eng Haapt- oder Niewevariant am LOD ass --Puscas (Diskussioun) 16:17, 16. Okt. 2023 (UTC)[äntweren]
Stëmmt och erëm :) A Merci fir d'Beispiller! --Bdx (Diskussioun) 18:04, 16. Okt. 2023 (UTC)[äntweren]

Salut, e klengen Hinweis: Wann s de wëlls, datt deng Benotzersäit net an der Kategorie:Läschen optaucht, da kanns de einfach {{Läschen|XXX|nocat=true}} schreiwen amplaz {{Läschen|XXX}}; dee Parameter ënnerdréckt d'Kategoriséierung an ass dofir geduecht, datt een d'Schabloun fir z'illustréiere benotze kann, ouni datt déi entspriechend Säit direkt an der Ofschosskategorie lant. --Volvox (Diskussioun) 21:37, 1. Nov. 2024 (UTC)[äntweren]

Salut Volvox, villmools Merci fir déi Informatioun, dat ass tatsächlech ganz nëtzlech, an ech war mir net bewosst dat et déi Funktioun gëtt. Et léiert een ëmmer erëm eppes Neies hei! --Bdx (Diskussioun) 10:36, 5. Nov. 2024 (UTC)[äntweren]
Ech hat d'Fonctionalitéit fir d'Kategorie z'ënnerdrécken och réischt viru kuerzem an d'Schabloun:Läschen agebaut. Fir ze verhënneren, datt Säite kategoriséiert gi wéinst enger Schabloun, déi se eigentlech just fir z'illustréiere benotzt, setzen ech meeschtens een
{{#ifeq:{{NAMESPACENUMBER}}|0|[[Kategorie:XXX]]}}
wouduerch d'Kategorie nëmme gesat gëtt, wann d'Säit am Nummraum mat der Nummer 0 läit, also een Artikel ass (z. B. Schabloun:Skizz). Bei verschiddene Schablounen, wéi z. B. der Schabloun:Läschen, kann et awer och virkommen, datt d'Kategoriséierung op engem Net-Artikel gewënscht ass, well ee jo och sënnvollerweis Kategorien, Schablounen, Benotzerënnersäiten etc. läsche loosse kann. An deem Fall hëllefen ech mer mat der Konstruktioun
{{#ifeq:{{lc:{{{nocat|false}}}}}|false|[[Kategorie:XXX]]|}}
wouduerch d'Kategoriséierung just geschitt, wann de Parameter nocat net gesat gëtt resp. op ee Wäert, deen a Klengbuschtawen ëmgewandelt false gëtt.
Wann et éigendeng Schabloun gëtt, wou s de mengs, datt d'Kategoriséierung op déi enger aner Manéier ënnerdréckt gi kënne soll, kanns de mer Bescheed soen. --Volvox (Diskussioun) 23:28, 9. Nov. 2024 (UTC)[äntweren]
Fantastesch, gutt ze wëssen, an nach eng Kéier Merci! --Bdx (Diskussioun) 14:13, 15. Nov. 2024 (UTC)[äntweren]

Moien,

Et deet mer leed, ech hat den Text duerch eng falsch Manipulatioun geläscht an et war mer net opgefall. | GilPe (Diskussioun) 15:06, 6. Feb. 2025 (UTC)[äntweren]

Hallo, merci fir d'Erklärung, ech hat mir scho geduecht, datt et warscheinlech e Feeler war. Schéinen Dag nach! --Bdx (Diskussioun) 07:34, 7. Feb. 2025 (UTC)[äntweren]

Salut, firwat sollen déi Datummsschablounen déi s de lo ugeluecht hues gutt sinn.?

Wie basst du?
Ech sinn den Wikipediabenotzer 2A02:A03F:A199:6C00:AD24:C75E:585:B38C 12:06, 13. Feb. 2025 (UTC)[äntweren]
Cool.
Ass keng Äntwert op meng Fro --2A02:A03F:A199:6C00:AD24:C75E:585:B38C 12:12, 13. Feb. 2025 (UTC)[äntweren]

Salut, wat d'Datumsschablounen ugeet, zweiwelen ech un hirer Sënnhaftegkeet (loosse mer awer gär den Hannergedanken erklären). Wa mer eis d'Joressäiten (z. B. 1982) ukucken, hu mer oft Lëschten, déi mat engem Datum ufänken. Wa mer do ëmmer [[9. Januar]] an [[19. Januar]] etc. schreiwen, gesäit dat esou aus

Well dann awer d'Doppelpunkten an d'Ufäng vun de Sätz net alignéiert sinn an dat net gutt ausgesäit, goufe fir d'Datume mat enger eestelleger Zuel d'Schablounen à la {{9. Januar}} agefouert, déi einfach iwwer d'Schabloun {{0}} en Espace virun den Datum setzt. Wann een also {{9. Januar}} an [[19. Januar]] benotzt, ass alles schéin alignéiert:

Wann een awer lo dee selwechten Exercice fir zweestelleg Datume mécht, also do een Espace virdru setzt, dann hu mer rëm déi selwecht Situatioun wéi virdrun, just ëm een Espace no riets geréckelt. Mat {{9. Januar}} an {{19. Januar}} hu mer:

An dat ass menger Meenung no net wënschenswäert. --Volvox (Diskussioun) 18:23, 14. Feb. 2025 (UTC)[äntweren]

Hallo Volvox, sorry fir dat laangt net-Äntweren! Du hues vollkomme Recht, déi Logik, déi ech dunn am Kapp hat mécht absolut guer kee Sënn! Gëff mir w.e.g nach e puer Deeg Zäit, wann et méi roueg bei mir ass kucken ech mir dat Ganzt nach eng Kéier un a kommen op dech zréck. --Bdx (Diskussioun) 13:19, 20. Feb. 2025 (UTC)[äntweren]