Hautbois – Wikipedia
Hautbois | |
---|---|
Klassifikatioun | Aerophon Holzblosinstrument |
Tounëmfank | ![]() |
Änlech Instrumenter | Fagott |
Museker | |
Kategorie:Hautboisspiller |
Den Hautbois ass en Holzblosinstrument.
Den Hautbois gehéiert an der Sachs / Hornbostel-Systematik zu den aerophonen Instrumenter; an dodran zu de Rouerblatinstrumenter.
Den Hautbois an d'Instrumenter aus senger Famill ginn duerch en Duebelrouerblat ugeblosen. E besteet aus engem riichte, konesche Rouer aus Pällemholz vu 60 cm, deen aus dräi Deeler besteet: d'Uerwerstéck, Ënnerstéck a Schallstéck. Dobäi kënnt nach d'Mondstéck, dat klengt Doubelrouerblat dat beim Blosen tëscht d'Lëpse geholl gëtt. Den Deckelsystem besteet aus oppene Grëfflächer, Rankklappen an zouenen Deckele fir déi chromatesch Tounleeder; dann aus Oktavdeckelen an Hëllefs- an Trillerklappen, änlech wéi bei de Flütten. Beim Spille gëtt den Hautbois schréi no ënne gehal.
Den Toun ass net ganz haart, mä dee spezifesche Klang fält direkt op.
D'Instrumenter aus der Hautboisfamillje gehéieren zu den eelste Blosinstrumenter iwwerhaapt. Dat aalt Griicheland huet se als aulos (Méizuel: auloi) kannt, Roum als tibia (Méizuel: tibiae). All Statuetten, déi fonnt goufen, deiten drophin, datt 2 där Instrumenter ugewénkelt bei de Mond gefouert si ginn. Déi eelst Miniatur staamt aus der Kyklade-Kultur aus der Mëtt vum 3. Joerhonnert virun eiser Zäitrechnung.
Zanter dem Mëttelalter fanne mer se bei den Hierden, besonnesch an dem ëstlechen Europa; den Numm war Schalmei, dat war eng Verdäitschung vum franséische chalumeau, dat sengersäits vum laténgesche calamus (Rouer oder Hallem) ofstaamt. No an no sinn d'Schalmeie méi grouss gebaut ginn. Am Däitsche krute se den Numm Pommer, Bommer, Bomhart, Bombardo.
- Den Englesche Cor
- D'Fagott
- D'Kontrafagott
- Den Haubois d'amour
- D'Oboe da caccia (Juegd-Hautbois)
- Den Heckelphon
- De Sarrusophon
- Benjamin Britten: Sechs Metamorphosen nom Ovid opus 49
- Paul Hindemith: Sonat a G
- Manuel Munzlinger: Jazz Concerto fir Hautbois a Piano
- Robert Schumann: Romanzen opus 94, 1-3
- Johann Sebastian Bach: Sonat fir Hautbois an Cembalo (Dat ass eng Variant vun der Sonat fir Flütt a Basso continuo BWV 1030)
- Georg Friedrich Händel: Sonat fir Hautbois a Basso continuo an aner Sonate mat Gei, Fagott oder B.c.
- Ludwig van Beethoven: Quintett fir Piano, Hautbois, Klarinett, Cor a Fagott opus 16
- Wolfgang Amadeus Mozart: Quintett fir Piano, Hautbois, Klarinett, Cor a Fagott KV 452
vu ville Komponisten:
- Tommaso Albinoni
- Carl Philipp Emmanuel Bach
- Johann Christian Bach
- Johann Sebastian Bach
- Vincenzo Bellini
- Domenico Cimarose
- Joseph Haydn
- Wolfgang Amadeus Mozart
- Antonio Vivaldi an aneren
- Edwin Carr
- Ludwig Frank & Frank Meyer GbR, Berlin
- Gebrüder Mönnig – Oscar Adler & Cie.
- Maurice Bourgue
- Robert Casier
- Nicholas Daniel
- John De Lancie
- Christiane Dimigen
- Klaus Ebrach
- Lothar Faber
- Sarah Francis
- Leon Goossens
- Heinz Holliger
- Jean-Claude Jaboulay
- Lothar Koch
- Kiri Krejci
- Karel Lang
- André Lardrot
- Jean-Claude Malgoire
- Sigurd Michael
- Manuel Munzlinger
- Pierre Pierlot
- Michel Piguet
- Hans-Jörg Schellenberger
- Jacques Vandeville
- Hagen Wangenheim
- Hans-Peter Westermann
- Helmut Winschermann
- Albrecht Mayer
- François Leleux
- Yusef Lateef
- Keith Hooper
- Manuel Munzlinger
- L.A. Reed Machine mam Francisco Castillo um Hautbois oder dem Englesche Cor
- Friedrich Blume, Erausg.: Die Musik in Geschichte und Gegenwart. Kassel, Basel, London, New York, Bärenreiter-Verlag, 1961, Band 9, S. 1777 ff.
- Scott Deveaux,Barry Kernfeld, Erausg.: The New Grove Dictionary of Jazz Music and Musicians. New York: Macmillan Press Limited, 1988, vol. 2, 401.
- Marc Schaeferdiek: Der Oboen-Doktor. Reparatur- und Pflegehilfe Coblenz am Rhein, Egge Verlag