lb.wikipedia.org

Ian Bannen – Wikipedia

Ian Bannen
Gebuertsnumm Ian Edmund Bannen
Gebuer 29. Juni 1928
Gestuerwen 3. November 1999
Doudesursaach Autosaccident
Nationalitéit Vereenegt Kinnekräich
Aktivitéit Theaterschauspiller, Filmschauspiller, Televisiounsschauspiller
Member vun Royal Shakespeare Company

De Ian Bannen, gebuer den 29. Juni 1928 zu Airdrie a Schottland, a gestuerwen den 3. November 1999 zu Knockies Straight, war e schottesche Schauspiller.

De Ian Bannen huet an iwwer 100 Kinos- an TV-Filmer matgespillt.

Wichteg Filmer a senger Carriére sinn The Hill (1965) vum Sidney Lumet mam Sean Connery, The Flight of the Phoenix (1965)) vum Robert Aldrich, Bite the Bullet (1975) vum Richard Brooks a Gandhi (1982) vum Richard Attenborough.