Kuwait – Wikipedia
Kuwait, (Arabesch: الكويت al-Kuwayt) ass e Staat an Asien.
E grenzt am Norden an am Westen un den Irak, am Süden u Saudi-Arabien, an am Osten un de Persesche Golf.
De gréissten Deel vum Land, ass Wüstegebitt, vun der Wüst ad-Dibbida.
Ofgesi vum Héichtenzoch vun de Zaur-Bierger an der Bucht vu Kuwait, an e puer vereenzelte Koppen ass d'Land flaach.
Un der Südspëtz vun der Bucht läit d'Haaptstad mat hirem natierlechen Hafen. Am Süden dovu leien déi grouss Pëtrolsfelder.
Déi héchst Plaz ass am Weste vum Land op engem Sandsteeplateau, mat 290 Meter.
- Kuwait am CIA World Factbook (en)
