Messier 20 – Wikipedia
| |||
---|---|---|---|
![]() | |||
Stärebild | Sagittarius (Sgr)
| ||
Positioun fir d'Equinoxe J2000.0 | |||
Rektaszensioun | 18h 02m 23s | ||
Deklinatioun | − 23° 01.8'[1] | ||
Ausgesinn | |||
Visuell Magnitude | 6,3[1]m | ||
Wénkelduerchmiesser | 28,0' | ||
Physikalesch Donnéeën | |||
Gehéiert zu | Mëllechstrooss | ||
Distanz | 5200(Lj) | ||
Routverrécklung | −0,000007 | ||
Radialvitess | −2,13 | ||
Geschicht | |||
Entdecker | Charles Messier | ||
Entdeckungsdatum | 1764 | ||
Katalog- an Entdeckerbezeechnungen | |||
M | 20 | ||
NGC | 6514 |
De Messier 20 (och als Trifidniwwel oder NGC 6514 bezeechent) ass eng interstellar Wollek am Stärebild Sagittarius (Schëtz).
Den Trifidniwwel ass eng Stäregebuertsplaz (H-II-Gebitt) mat enger visueller Magnitude vu +9,0 mag an enger Flächenausdeenung vun 28' × 28'. Seng Distanz zu der Äerd ass ronn 5200 Liichtjoer. Wéinst senger südlecher Positioun ass den Niwwel a Mëtteleuropa net besonnesch gutt ze gesinn.