lb.wikipedia.org

Walter Rilla – Wikipedia

Walter Rilla
Gebuer 22. August 1894
Neunkirchen
Gestuerwen 21. November 1980
Rosenheim
Nationalitéit Däitschland
Aktivitéit Schauspiller, Schrëftsteller, Filmschauspiller, Filmregisseur, Dréibuchauteur

De Walter Rilla, gebuer als Walter Wilhelm Karl Ernst Rilla den 22. August 1894 zu Neunkirchen am Saarland, a gestuerwen den 21. November 1980 zu Rosenheim, war en däitsche Schauspiller, Filmregisseur an Dréibuchauteur.

Hien ass de Papp vum Filmregisseur Wolf Rilla.

Vun 1922 u war de Walter Rilla am däitsche Film als Schauspiller aktiv. Am Joer 1933 huet hien Nazidäitschland verlooss an ass an England an den Asyl gaangen. Nom Krich war de Walter Rilla an däitschen an an englesche Filmer ze gesinn.